arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Paul Bleser, Lëtzebuerger zu Dubai: Am Hotel ass fir de Moment déi sécherst Plaz

Krich géint den Iran

|
headphones

2 min

Jean-Paul Bleser, Lëtzebuerger zu Dubai: Am Hotel ass fir de Moment déi sécherst Plaz

Ënner anerem zu Dubai sëtze ganz vill Touriste fest. Wéini si heem kommen, ass fir de Moment net gewosst. De Jean-Paul Bleser ass och grad op der Plaz. Dem Lëtzebuerger fält et schwéier d'Situatioun anzeschätzen.

headphones

2 min

© EPA/ATEF SAFADI
(Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Dës Nuecht wier et, am Verglach zu der Nuecht virdrun, méi roueg gewiescht, erkläert de Jean-Paul Bleser. Säin Hotel wier am Zentrum vun Dubai, vill Leit wieren extra an den Zentrum an Hoteller ënnerkomm, well et wuel déi sécherst Plaz wier. Dat krut de Lëtzebuerger vu Leit sur place erkläert. 

"Hei soll et méi sécher sinn, wéi an der Géigend vu Plagen." 

Hotel ass a bleift fir de Moment déi sécherst Plaz

Et wier een net agespaart an et kéint een den Hotel verloossen. E Bléck no baussen op d'Stroosse géif him awer weisen, datt do keen Traffick wier, mengt de Jean-Paul Bleser. 

"D'Leit kréie geroden, sech net dobaussen opzehalen. Et soll een am Hotel bleiwen, well wa sollt eng Rakéit ofgeschoss ginn, da kéinten d'Debrien erofgefall kommen." 

Als Laie géif et him awer wierklech schwéierfalen d'Situatioun anzeschätzen, betount de Jean-Paul Bleser. Hënt hätt ee Fligeraktivitéiten héieren, an och wann d'Geknupps ausbliwwe wier, géif hien dovun ausgoen, datt och an der Nuecht "eppes geschitt" wier. 

Kontakt mam Lëtzebuerger Ausseministère 

Vläicht géif et dru leien, datt een d'Sprooch net schwätzt, mee hien a seng Famill géife relativ wéineg gewuer ginn, seet de Lëtzebuerger. 

"Et ass esou, datt mir net wierklech wëssen, wat op eis duerkënnt. Esou datt mir einfach just ofwaarde kënnen." 

Et wier een a ganz enkem Austausch mam Lëtzebuerger Ausseministère, esou de Jean-Paul Bleser. Gëschter Owend hätt een nach mat engem Beamten telefonéiert. 

Fir sech a seng Famill huet de Jean-Paul Bleser "optimistescherweis" ee Réckfluch fir en Donneschdeg gebucht. Och wann him bewosst ass, datt dee Fliger warscheinlech net fléie wäert. 

Lauschtert dee ganzen Interview mam Jean-Paul Bleser hei