Viru bal 5 Joer war et am fréien Owend am Stater Quartier zu enger Ausenanersetzung tëschent Jonke komm. Am Sträit goung et ëm Drogen an um Enn hat den deemools 17 Joer jonke Mann ee vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert.
D'Kleeder vum Haaptugeklote ginn ënnersicht
Dem Haaptbeschëllegte war nach virgehäit ginn och de Matugeklote gepickt ze hunn. No der Annonce vun der Decisioun vun de Riichter sot de Me Wies, Affekot vum Papp a vun den 3 Geschwëster vum Affer, datt een net wéisst, firwat d’Riichter dat gemaach hunn. Et kéint een et sech awer denken.
Vun de Kleeder vum Haapttäter soll elo déi Expertise gemaach ginn, esou de Me Wies.
“Wéi gesot, et ass Spekulatioun, mir mussen d'Urteel liesen, mee datt héchstwarscheinlech d'Geriicht zur Conclusioun komm ass, dee Punkt ass nach net ënnersicht ginn, op deene Kleeder sinn nach keng Spueren ënnersicht ginn, an datt se sech doraus erhoffen, vläicht Äntwerten op d'Fro ze kréien, wien huet dann déi zweet Victime blesséiert.”
D’Kleeder vum Haaptugeklote wieren no der Dot saiséiert ginn a missten deemno enzwousch um Geriicht leien, esou den Affekot.