arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ëm Doud vu Jugendlechem zu Bouneweg: 16 Joer Prisong fir Haaptugekloten

Justiz

|
headphones

1 min

Prozess ëm Doud vu Jugendlechem zu Bouneweg: 16 Joer Prisong fir Haaptugekloten

D'Staater Geriicht huet haut d’Urteel gesprach am Fall vum Doud vun engem Jonken zu Bouneweg am Januar 2021: 16 Joer Prisong mat 10 Joer Sursis probatoire. Zu den Oploe gehéieren ënner anerem eng psychiatresch Behandlung an d’Entschiedege vun de Familljemembere vum Affer.

headphones

1 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

An deem Kontext muss den elo Condamnéierte véier Persounen 255.000 Euro Schuedensersaz bezuelen.

Sträit ëm Drogen

De Matugekloten, dee mat enger Matraque drageschloen hätt, ass iwwerdeems zu 9 Méint Prisong mat Sursis verurteelt ginn an zu enger Geldstrof vun 1.500 Euro.

Virun eppes méi wéi 5 Joer war et am fréien Owend am Stater Quartier zu enger Ausenanersetzung tëschent Jonke komm. Am Sträit goung et ëm Drogen, an um Enn hat den deemools 17 Joer jonke Mann ee vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert.