Déi fënnef aner Ugeklote sinn dogéint mat engem Fräisproch dovukomm. Am Prozess haten de Me Lehnen an de Me Hirsch fir déi initial Ugeklote Jos Wilmes a Marc Scheer eppes méi wéi 580.000 Euro moralesche Schuedenersatz fir hir Cliente verlaangt. D’Geriicht huet si eidel ausgoe gelooss.
Keen Affer-Statut fir "Victimë Scheer a Wilmes"
Déi zwee Affekote sote sech dann och an enger éischter Reaktioun enttäuscht, well déi "reell Victimë Scheer a Wilmes" ebe mat näischt géifen aus dësem Prozess erausgoen.
"Si kréien dee Statut vun der Victime net unerkannt, onofhängeg dovun, wat dann nach um finanzielle Volet géif dobäi erauskommen."
Dat wier fir si déi gréisst Enttäuschung, esou d'Affekoten.
"Well de Statut vun der Victime, et ass dat, wat eis Clienten all déi Joren hei immens nogaangen ass, datt se an der Prozedur net virukommen an datt mer gehofft haten, datt dat hei unerkannt géif."
Appell schonn annoncéiert
De Me Pierret, Affekot vum fréieren héije Gendarmerie-Responsable Guy Stebens, war dogéint natierlech frou iwwer deem säi Fräisproch.
"Ech sinn awer och grad sou traureg, wann ech bedenken, wat dee Mann elo déi lescht 12 Joer matgemaach huet."
Déi lescht 12 Joer wieren eng Belaaschtung gewiescht, esou den Affekot.
"Fir d'éischt kritt en all déi Bommenattentater reprochéiert, dann nach eng Entrave zum Fonctionnement vun der Justiz an dann déi onwarscheinlech grouss Zuel vu Falschaussoen um Geriicht. Do gëtt en haut fräigesprach. Et ass eng grouss Satisfaktioun, géif ech soen, fir hien."
Sollt en Appell kommen, da géif een och dohi goen, esou de Me Pierret.
Genee deen Appell huet de Me Assa als Affekot vum condamnéierte Pierre Reuland schonn annoncéiert. E Prozess an zweeter Instanz ass deemno virprogramméiert.
Lauschtert hei d'Hannergrënn