Bei engem vun de concernéierte Meedercher wieren nämlech scho Mesuren decidéiert gewiescht, mee si hätten net kënnen ëmgesat ginn, well net genuch Plazen an den adaptéierte Strukture wieren.
Déi aktuell Strukture géifen net duergoen, fir Jonker mat mentale Problemer en charge ze huelen, esou de Parquet.
Dee Probleem wier net nei, et wier e strukturelle Problem an et misste Léisunge fonnt ginn. Et wier genee duerch déi Mëssstänn, datt et zu esou Eskalatioune wéi gëschter kéim, déi schlussendlech an enger Aggressioun mat engem Messer geendegt huet.