Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch no enger Reunioun um Mëttwochmoien zum Theema mat der Gesondheetsministesch, der Justizministesch a Vertrieder:inne vum Parquet a Jugendriichter.
Op en Neits d'Conclusioun, datt Strukture mussen ausgebaut ginn
Beim Meedche wiere scho Mesuren decidéiert gewiescht, mee si hätten net kënnen ëmgesat ginn, well net genuch Plazen an den adaptéierte Strukture wieren. Dat hat de Parquet nom Virfall gemellt.
Et wier een – wéineg iwwerraschend - zur Conclusioun komm, datt souwuel quantitativ a qualitativ d’Strukture mussen ausgebaut ginn. Ënner anerem an der Kanner a Jugendpsychiatrie an an der Aide à l’enfance, esou de Claude Meisch.
Kuerzfristeg Léisungen huet hien net genannt. Hien hofft awer, datt dat no engem weideren Treffen an eventuell nach virun Ouschtere méiglech wier.
Um Dënschdegmoien huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit, am 100,7-Interview gefuerdert, datt et misst ee Verbuet ginn, fir Mannerjäreger an engem Erwuesseneprisong ze placéieren.