arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hongersnout an der Gazasträif eriwwer, Lag trotzdeem kritesch

Palästina

|
headphones

1 min

Hongersnout an der Gazasträif eriwwer, Lag trotzdeem kritesch

Zanter der Wafferou vum 10. Oktober hätt d‘Lag sech verbessert, den Accès zu Liewensmëttel wier verbessert ginn. Dat deklaréiert d‘UNO.

headphones

1 min

Palästinenser mat Mielsäck zu Khan Yunis  | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Palästinenser mat Mielsäck zu Khan Yunis (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

D‘Majoritéit vun de Leit an der Gazasträif kréichen elo déi humanitär an och kommerziell Liewensmëttelliwwerungen, mee sécher wier d‘Situatioun nach net. D‘UNO stuuft d‘Gazasträif nach ëmmer als Noutfallgebitt an. 1,6 Millioune Mënsche wieren nach ëmmer a Gefor, net genuch ze iessen ze hunn.

WHO: 18.000 Leit waarden op Evakuéierung

Iwwerdeems sinn an der Gazasträif iwwer 1.000 Mënschen zanter Juli d‘lescht Joer gestuerwen, well se net zur Zäit an en anert Spidol konnte bruecht ginn. Dat huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun matgedeelt. An der Gazasträif kënnen net méi all medezinesch Soine gemaach ginn, well d‘Infrastrukturen zerstéiert sinn.

Och elo géifen nach ëmmer iwwer 18.000 Persounen drop waarden, evakuéiert ze ginn, dorënner 4.000 Kanner. D‘WHO huet op en Neits en Appell un déi international Communautéit gemaach fir schwéier krank Patienten aus der Gazasträif opzehuelen.