Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Grenzkontrollen an Immigratiounspolitik: Léon Gloden mat schaarfer Kritik u Friedrich Merz

Verstouss géint EU-Recht?

Grenzkontrollen an Immigratiounspolitik: Léon Gloden mat schaarfer Kritik u Friedrich Merz

Den Inneminister Léon Gloden huet déi däitsch Grenzkontrollen an d'Immigratiounspolitik vum warscheinlech zukünftege Bundeskanzler Friedrich Merz schaarf attackéiert. An engem Interview mat der europäescher Noriichteplattform Euraktiv sot de Léon Gloden, datt hie sech ganz sécher wier, datt et géint EU-Recht verstéisst, wann Däitschland unilateral illegal Immigranten op der Grenz zeréckschéckt.

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Däitschland géif sech domat kee Gefale maachen. De Lëtzebuerger Inneminister huet dem CDU-Politiker Merz och indirekt virgehäit, d'Grenzkontrolle fir elektoral Zwecker ze benotzen, no de rezenten Attentater. Si wéilten de Leit virtäuschen, datt Däitschland eppes dogéint géif maachen.

Vum neie Bundeskanzler géif hie sech e Revirement erhoffen, esou nach de Léon Gloden. Hie géif hoffen, datt d'Grenzkontrollen ofgeschaaft ginn, oder op d'mannst datt se nëmmen nach sporadesch sinn, esou den Inneminister am Interview.