Radioen

On air

Mëttesrascht  |  CMAT - Running/Planning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Koalitiounsaccord, deen all Partei zefriddestellt

"Verantwortung für Deutschland"

Ee Koalitiounsaccord, deen all Partei zefriddestellt

Zu Berlin hu sech d'Parteispëtze vun CDU, CSU an SPD gëschter um Mëttwoch op e Koalitiounsaccord gëeenegt. Däitschland géif nees eng handlungsfäeg Regierung kréien, sot den CDU-Chef Friedrich Merz. Mat hire Propose wëllen Unioun an SPD déi däitsch Wirtschaft stäerken, awer och d'Migratiounspolitik verschäerfen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

"Verantwortung für Deutschland": Dat ass d'Iwwerschrëft vum 143 Säite laange Koalitiounsaccord vun CDU, CSU an SPD. Bis Ouschtere wollte si fäerdeg sinn. Deen Zäitplang ass finalement opgaangen. De Friedrich Merz huet sech optimistesch gewisen.

"Hinter uns liegt ein hartes Stück Arbeit. Aber vor uns liegt ein starker Plan, mit dem wir unser Land wieder gemeinsam nach vorne bringen können."

Grenzkontrolle bleiwen erhalen

An e Bléck an deen Accord weist: Do krut all Partner eng ganz Rëtsch vu senge Pläng ënner. Fir d'CDU stoung d'Wirtschaft am Fokus. Déi soll nees ugekuerbelt ginn duerch Steiererliichterunge fir Entreprisen. D'CSU huet virun allem bei der Migratiounspolitik Verschäerfungen duerchgesat, dorënner laangfristeg Kontrollen un den däitsche Grenzen. Och un der Grenz mat Lëtzebuerg.

Mee och d'Handschrëft vun der SPD ass ze erkennen. D'Akommessteier vu Leit mat klengem oder mëttlerem Salaire soll an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod erofgoen, den Deutschland-Ticket gëtt verlängert an de Mindestloun soll op 15 Euro d'Stonn klammen.

D'Zesummesetzung vun der nächster Regierung ass nach net offiziell kommunizéiert. Kloer ass awer: D'CDU an d'SPD kréie 7 Ministèren, d'CSU der dräi. Stëmmen d'Parteigremie vun CDU an CSU an d'Membere vun der SPD dem Accord zou, dierft de Friedrich Merz Ufank Mee zum neie Bundeskanzler ernannt ginn.

Weider Aschätzungen vun eisem Däitschland-Korrespondent Mathias Kirsch.

Talk mam Mathias Kirschplay_arrow

 

Lauschterenplay_arrow