Den Accord huet finalement 143 Säiten. Dat wollten d’Parteien u sech e gutt Stéck méi kuerz halen.
Zentral am Koalitiounsaccord vun CDU, CSU an SPD ass d’Wirtschaft. Den Zoustand vun der däitscher Ekonomie war e grousst Walkampfthema. D’Wirtschaft soll gestäerkt ginn, zum Beispill duerch eng Senkung vun der Stroumsteier, duerch déi d’Entreprisen entlaascht ginn. Donieft sollen d’Steieren erofgoen, besonnesch fir Leit mat klengen oder mëttelhéijem Salaire, dat ass d’Handschrëft vun der SPD.
Grenzkontrolle gi virugefouert
D’Migratiounspolitik spillt am Koalitiounsaccord och eng wichteg Roll. Déi Mesuren déi geplangt si wäerten och Lëtzebuerg betreffen. D’Réckwéisung vu Persounen un den däitsche Grenzen ass een essenzielle Punkt vun där méi restriktiver Migratiounspolitik, déi déi nei Regierung wëll fueren.
An do hunn Unioun an SPD annoncéiert, d’Grenzkontrolle virunzefueren. Also och un der Grenz zu Lëtzebuerger laanscht d’Musel weider. Dat soll esou laang weider bäibehale ginn, bis "d‘Europäesch Communautéit déi bestoend Reegelungen erfëllt", steet am Accord.
Ausserdeem gëtt méi streng gereegelt, wéi eng Refugiéen hir Famill dierfen nokomme loossen oder net. En Deel vun de strenger Migratiounspolitik: Abiergerunge sinn an Zukunft eréischt no fënnef Joer an Däitschland méiglech, net wéi am Moment no dräi Joer.
Op d'mannst an de Steierfroe schénge sech d’Parteien eens ginn ze sinn. Allerdéngs sot den SPD-Chef Lars Klingbeil, datt all d’Proposen aus dem Accord nach ënner "Finanzierungsvorbehalt" stinn. Endgülteg schéngen do d’Finanzéierungsfroen net geléist ze sinn.
Iwwer den Inhalt ofstëmmen, net iwwer d'Käpp
Bei der Presentatioun vum Koalitiounsaccord huet de Friedrich Merz seng Ministerinnen a Minister nach net presentéiert.
Dozou sot d’SPD-Chefin Saskia Esken, d’Parteigremien an eben och hir Parteimembere sollten elo an éischter Linn iwwert den Inhalt vum Accord ofstëmmen, net iwwert d’Käpp. Allerdéngs ass haut am Laf vum Dag schonn d’Verdeelung vun de Ministèren ënnert de Parteien duerchgesickert, an domat och e puer Nimm, déi a Fro kéimen.
D’CDU hätt mam Friedrich Merz natierlech de Kanzler, an doriwwer am ganze siwe Ministèren. Dorënner de Wirtschafts- an Energieministère, de Familljeministère an en neien Digitalministère. Eng vun den Iwwerraschunge vun haut ass, datt d’CDU awer och den Ausseminister soll stellen.
Normalerweis stellt an Däitschland de Koalitiounspartner den Ausseminister. D’SPD wollt awer nieft dem wichtege Finanzministère, dee wuel de Parteichef Lars Klingbeil kritt, och onbedéngt de Verdeedegungsministère behalen. D’SPD hätt insgesamt fënnef Ministèren. Domat sinn dräi Ministèrë fir déi bayresch CSU iwwereg. Si stellen den Inneminister, a kréien donieft de Landwirtschafts- an de Fuerschungsministère.
Parteigremien a Member mussen nach ofstëmmen
Bis et sou wäit ass, dauert et nach, well d‘Gremie vun de Parteien deem Accord nach zoustëmme mussen. Bei der CDU ass dat de Bundesausschuss, de sougenannte kleiner Parteitag. Dei der CSU muss souguer just de Parteicomité zoustëmmen. Dat wäert elo an de nächsten Deeg geschéien.
Bei der SPD allerdéngs mussen elo déi iwwer 350.000 Memberen iwwert den Accord ofstëmmen, dat gesinn d’Statutte vun der Partei vir. Zwar gëtt et bis elo keng risegrouss Beweegung géint déi nei Regierung, wéi mol an der Vergaangenheet, mee dat ass wuel trotzdeem déi gréissten Hürd.
Wann awer do alles duerchgeet, da kéint de 6. oder de 7. Mee, déi Date stinn am Raum, de Friedrich Merz sech am Bundestag der Kanzlerwal stellen.