Radioen

On air

Moiesstudio  |  Eng Dot verjäert - den Trauma bleift e Liewe laang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Ried mat ville Lücken am Text

Commentaire

Eng Ried mat ville Lücken am Text

A senger éischter aussepolitescher Deklaratioun huet de Xavier Bettel ee groussen Tour gedréint, awer wéineg Konkretes gesot. Vill grouss EU-Sujete goufe guer net ugeschwat. Eng Analys vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

3 min

A senger éischter Ried iwwert d’Aussen- an EU-Politik an der Chamber huet den Ausseminister ganz vill verschidden Theemen opgegraff. Bal zwou Stonne laang huet de fréiere Premier déi ënnerschiddlechst Beräicher vun der Aussepolitik gesträift, ouni dobäi ganz konkret Annoncen ze maachen.

Konkret Annonce zum Mercosur-Accord, ouni Erklärung

Am konkretste war eng Annonce par rapport zum Handelsaccord vun der Europäescher Unioun mat de südamerikanesche Mercosur-Länner.

Deen Accord ass jo ëmstridden an der EU. Virop Frankräich, mee och Éisträich sinn dogéint. D’Annonce, datt Lëtzebuerg seng Zoustëmmung den Ament net kéint ginn, koum éischter iwwerraschend

Allerdéngs huet de Xavier Bettel dat net weider ausgebaut. Do hätt ee gäre gewosst, firwat? D’Kommissioun misst als éischt den Text vum Accord matt zousätzlechen Engagementer presentéieren, sou den Ausseminister. Wéi eng Engagementer do fir Lëtzebuerg wichteg sinn, ass een net gewuer ginn.

Dat war den Tenor an där Ried: Villes uschwätzen, awer éischter vage bleiwen an den Aussoen.

Boykott vun der ungarescher EU-Presidence: Wourecht geet anescht

De Xavier Bettel war jo - genee ewéi de Premier Luc Frieden - ganz determinéiert géint esou ee Boykott. An hien ass och am Contraire zu deenen allermeeschte vu sengen Ausseminister-Kolleegen op eng Reunioun op Budapest gefuer, fir do - wéi hie sot - bewosst den Dialog ze sichen.

De Xavier Bettel hat do och Entrevuë mat Vertrieder vun der Zivilgesellschaft. Déi hunn dat iwwregens op Nofro ausdrécklech begréisst. Wat si allerdéngs och soten, dat war, datt et hinne géif hëllefen, wann esou Visitte géifen duerch entspriechend ëffentlech Stellungname begleet ginn.

An do läit ee gewësse Widdersproch, dee sech an där Deklaratioun gewisen huet.

Engersäits sot den Ausseminister, hie géing sech net scheie sengen ungareschen Interlocuteuren d’Wourecht ze soen. Anerersäits hat hie ganz déck Händschen un, wéi hien iwwert déi ungaresch Politik geschwat huet. Hie sot do de remarkabel Saz: D’Lëtzebuerger Regierung géing Ungarn “encouragéieren, seng Efforte weiderzeféieren a konstruktiv mat der Europäescher Kommissioun zesummen ze schaffen”. Dat ass eng erstaunlech Opfuerderung, well jidderee weess, datt Ungarn den Ament weder Efforte mécht, nach konstruktiv mat der EU zesummeschafft. De Contraire ass de Fall. D’Wourecht soen, wier hei eppes anescht gewiescht.

Kee Wuert zu de neie parteipolitesche Muechtverhältnisser an der EU

Et gouf e puer frappant Lücken am Text: Ugefaange mat der Migratioun, déi jo dacks als Theema Nummer eent genannt gëtt, wann et ëm europapolitesch Erausfuerderunge geet. Dozou gouf et kee Wuert.

Een aneren Defi, deen nach bis viru Kuerzem ganz grouss geschriwwe gouf: De Klimaschutz. Dee gouf just ganz kuerz gesträift.

Virun allem awer gouf et kee Wuert zur aktueller politescher Landschaft an der EU, zu de Muechtverhältnisser am Europaparlament, déi sech dramatesch verännert hunn, mat elo dräi grousse riets a rietsextreme Gruppéierungen, déi sech zimmlech bemierkbar maachen an deem Parlament.

Ee Resultat vun deem Changement, nämlech de Blockage vum Europaparlament am Prozess, déi nei EU-Kommissioun op d’Been ze setzen, gëtt guer net ernimmt.

An der Ried vum Xavier Bettel huet et sech vill méi esou ugehéiert, wéi wann déi nei Kommissioun sou gutt ewéi ugefaangen hätt mat Schaffen - wat an der Realitéit net de Fall ass.

Am Contraire: Zu Bréissel war déi lescht Deeg eng Krisesëtzung no där anerer, nodeems déi grouss Fraktiounen, d’Europäesch Vollekspartei an d’Sozialisten, sech net eens ginn.

Déi Kris war dem Ausseminister kee Wuert wäert.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.