Als liberal Partei géif ee sech natierlech fir eng fräi Wirtschaft asetzen, mee et misst een awer och d'Rechter vun de Leit stäerken. Ee Punkt dovun ass an hiren Aen deen historesch gewuessene Sozialmodell zu Lëtzebuerg, esou d'Carole Hartmann.
"De Sozialdialog, dee soll jo elo nees, soen ech emol, an déi richteg Schinn kommen. Ech sinn och net ganz glécklech, wéi dat gestart ass, dass, soen ech emol, dee Sozialdialog e bëssen ausernee gefuer ass. Ech mengen dass et wichteg ass, dass do mer souwuel dann d'Gewerkschaft, Patronat a Regierung nees méi un den Dësch kréien, dass effektiv déi Gesetzer oder déi Reformen, déi den Aarbechtssecteur betreffen, dass déi diskutéiert ginn an deene Ronnen, déi historesch opgebaut gi sinn."
Et misst no Konsens gesicht ginn an et misst jiddereen d'Méiglechkeet kréien, sech anzebréngen, esou nach d'Députée-maire vun Iechternach.
Wat bréngt de Sozialdësch?
Och déi viregt DP-LSAP-déi gréng-Regierung hätt dat gemaach a bei der aktueller CSV-DP-Regierung sollt dat net aneschters sinn, esou d'Carole Hartmann. Datt et elo zu engem vun der Regierung ugekënnegte Sozialdësch soll kommen, wier wichteg, esou d'Carole Hartmann. D'Annonce wier awer dat eent, d'Ëmsetzung dovun awer eppes aneres.
"Ech hunn aktuell nach net genau verstanen, wat elo de finale But vun dem Sozialdësch ass, mee en ass jo entstanen am Fong aus der Diskussioun eraus, datt och notamment d'Gewerkschaften net zefridde waren, och mat der Approche, déi ganz am Ufank bei verschiddene Gesetzestexter un den Dësch geluecht ginn ass. Duerfir mengen ech ass et wichteg, dass deen Dialog do besteet. Deen huet ëmmer bestanen, och mat enger Regierung."
Et wier wichteg, datt d'Regierung d'Sozialpartner zesummerifft, wann de Constat ass, datt net jiddereen d'accord ass.
"(...) fir déi grouss Sujete vun der heiteger Zäit unzeschwätzen. Ech menge mir hunn och eng Rentendebatt an der Chamber, wou et wichteg ass och d'sozial Acteure mat an d'Boot ze huelen a mir hu ganz vill och aarbechtsrechtlech Reformen, déi de Koalitiounsaccord virgesäit. Do ass et, wéi gesot, wichteg, datt déi Acteuren alleguerte mat um Dësch sëtzen, fir datt jiddereen do och säi Point de vue ka ginn."
De 27. Abrëll wäert den DP-Kongress sinn. Bis ewell ass d'Carole Hartmann déi eenzeg Kandidatin fir de Presidenteposten. Hire Parteikolleg an aktuelle Kulturminister Eric Thill hat iwwerdeems ugekënnegt, datt hie sech fir de Poste vum Generalsekretär géif mellen.