D‘Wanteraktioun gëtt vun der ASBL „Dräiéck“ organiséiert, an där d‘Rout Kräiz, Interactions an „Hëllef um Terrain“ Partner sinn. D‘Wanteraktioun huet eng Capacitéit vun 250 Better, déi bis op 300 kann erhéicht ginn. Bei groussem Undrang kënnen Zelter vun der Arméi mat weidere Schlofméiglechkeeten opgeriicht ginn.
Bei ënner Null Grad ass d’WAK fir jiddereen op
Fir eng Iwwerlaaschtung vun der Wanteraktioun ze verhënnere gëllen och dëst Joer déi nei Krittären, déi zejoert ageféiert goufen: Bei Minus-Temperature kritt jiddereen e Bett ugebueden, mee wann et iwwert null ass, ginn nëmme Persounen ugeholl, déi op d‘mannst dräi Méint zu Lëtzebuerg gelieft hunn. Ass dat net de Fall, kënnen si just dräi Nuechte bei der Wanteraktioun schlofen.
Dëse Krittär war ënnert anerem vun der consultativer Mënscherechtskommissioun kritiséiert ginn. Mee de Familljeminister Max Hahn, an déi Responsabel vun der Wanterkatioun, hate betount: Déi Konditioun wier néideg, fir dem „sozialen Tourismus“, wéi de Minister et genannt huet, entgéint ze wierken. Wéi d‘Virginie Giarmana, Administratrice vun Interactions am 100,7 Interview sot, géifen effektiv vill Persounen an d‘Wanteraktioun kommen, déi net onbedéngt zu Lëtzebuerg liewen.
“Donc, est-ce que ces gens viennent d'ailleurs? Est-ce que ces gens sont de nouveaux bénéficiaires? C‘est à voir ? Mais la différence, elle est quand même massive. Et ce qu'on veut vraiment, c'est qu'on puisse accueillir les personnes qui vivent au Luxembourg, qui dorment dans la rue au Luxembourg toute l'année.”
D’lescht Joer hätt een am Ganzen 2.500 Leit en charge geholl, dovunner wieren 1.600 Leit onbekannter gewiescht.