An dësem Koordinatiounsgrupp (GCT - groupe de coordination en matière de lutte contre le terrorisme) fir d‘Lutte géint den Terror sinn d‘Police, de Parquet, de Geheimdéngscht, den Haut Commissariat de la protection nationale an eng Rei Ministèrë vertrueden. Et hätt ee sech wéinst der aktueller geopolitescher Situatioun nach eemol zesummegesat.
Op dësem zweete vun am Ganze véier Geforenniveaue geet ee vu kenger reeller mee vun enger abstrakter Gefor aus. D‘Autoritéite bleiwen deemno vigilent, och wann eng konkreet Menace op deem Status nach onbegrënnt ass. Eréischt um Niveau 3 geet ee vun enger méi konkreeter Geforesituatioun aus.