arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aarbecht vun engem Taxidermist: Ëmgi vun ausgestopften Déieren

Naturmusée

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

D'Aarbecht vun engem Taxidermist: Ëmgi vun ausgestopften Déieren

Op Fuuss, Leopard oder Pinguin: Am Naturmusée an der Staat kritt een Déieren, déi scho viru méi oder manner laanger Zäit gelieft hunn, hautno ze gesinn. An ausgestoppter Form versteet sech. Déieren aus eise Bëscher, och méi exoteschen Exemplare genau inspizéieren ze kënnen, zitt d’Besicher un.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Iwwer eng schmuel Trap geet et rop an dem Guillaume Becker säin Atelier. Bei der Fënster steet e klengen Dësch mat Skalpelle, Drot, an enger Partie e bësse gelungenen ovale Formen. Déi sinn aus enger Zort Schaumstoff a bilden d’Base fir Déieren-Exponater, wéi de Guillaume Becker, eenzegen Taxidermist zu Lëtzebuerg, erkläert.

"Dans les anciennes taxidermies, on gardait beaucoup les squelettes et les eaux. Ce qui n'était pas forcément génial pour la conservation, parce que ça attire les insectes, ça attire tout ce qui est parasites."

Déiere vu Juegten, aus dem Park oder der Déierenopfänkstatioun

Ier et esou wäit ass, datt een de Pelz respektiv d’Fiedere kann op d’Formen zéien, brauch et awer nach e puer Aarbechtsschrëtt, wéi de Guillaume Becker erkläert. 

"Première étape, c'est déjà de voir s'il n'est pas trop endommagé. Il y a des animaux qui sont par exemple tués sur la route, c'est très compliqué en fait de les traiter parce qu'ils ont des gros trous, il manque des poils, ils sont écrasés, donc ça c'est très compliqué."

Donieft kritt den Taxidermist och Déiere vun der Juegten oder beispillsweis aus dem Beetebuerger-Park zu Verfügung gestallt. Wann do een Déier stierft.

Den Naturmusée schafft och mat der Déierenopfänkstatioun zu Diddeleng zesummen, wéi de Guillaume Becker erkläert. 

"Eux, dès qu'ils ont des animaux intéressants, nous les mettent dans un congélateur. Je peux récupérer pour les besoins du musée ceux qui nous intéressent." 

Bal déi selwecht Prozedur wéi Lieder hirstellen 

Fir datt aus dem doudegen Déier dann een Exponat fir de Musée gëtt, muss d’Déier ausgeholl ginn.

"La seule différence avec le cuir, c'est que le cuir, on met encore un produit pour faire tomber les poils, alors que nous on veut absolument garder les poils et les plumes sur la peau."

Wann dëse Schrëtt erleedegt ass, da gëtt d’Haut ugedréchent an op d’Form gezunn. A wéienger Positioun d’Déier duerno do steet, decidéiert den Taxidermist.

"Alors on essaye de garder les positions les plus naturelles possibles. On ne fait pas de l'art, on fait vraiment du naturel. C'est un but scientifique et pédagogique." 

Seng Aarbecht als Deel vum Respekt fir d'Déier 

Wann dann alles esou ausgesäit wéi et soll, da gëtt d’Exponat fäerdeg dréchene gelooss. De Pelz géif meeschtens och nei ugemoolt ginn. Well d’Faarwe bei dem ganze Prozess awer e bësse verblatzen, esou de Guillaume Becker. Beim sougenannte “Maquillage” ginn dann och nach Glas-Aen agesat. 

Wéi vill Aarbechtsstonnen an engem Exponat stiechen, konnt de Guillaume Becker net genau soen. Et deet him awer wéi, wann hie gesäit, wéi Leit am Naturmusée seng Exponater muttwëlleg futti maachen, wat heiansdo geschitt. 

"Tous les animaux sont précieux, c'était quand même des êtres vivants, donc on doit quand même les respecter." 

Handwierk vum Papp geléiert 

An och vun engem wëssenschaftleche Point de Vue wier et schued, wann Exponater zerstéiert ginn, vu datt een se heefeg net méi vollstänneg hirstelle kann. Op d’Fro, ob d’Léit seng Aarbecht awer e bësse gelunge fannen, sot de Guillaume Becker:

"Dans mon entourage à la campagne en fait les gens sont plutôt relax sur le sujet. Peut-être en ville ça pose un peu plus de problèmes." 

En Diplome fir Taxidermist ze ginn, bräicht een iwweregens net. De Guillaume Becker huet de Beruff vu sengem Papp geléiert an duerno en DAP a Frankräich gemaach.

Seng éischt Versich wieren eng Katastrophe gewiescht, erzielt de Guillaume Becker a schmunzelt wärend hien un sengem aktuelle Projet – engem Feldhong - mat wonnerschéine Fiedergezei weider schafft.

play_arrow Lauschteren