Virum Hannergrond vun deem Succès huet de Minister ugekënnegt, datt an noer Zukunft weider esou Obligatioune méiglech wieren. De Finanzminister Gilles Roth sot dat als Äntwert op eng Question élargie vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm. De Gilles Roth huet an deem Kontext virun allem d’Beräicher Wunnen a Klima genannt.
“Ech kann Iech soen, datt d'Regierung un engem neie Moossnamepak fir de Wunnengsbau schafft. Do ass en Housing Bond fir Klengspuerer e méiglecht Instrument."
D'Leit kéinten sech esou direkt um Finanzement vu Wunnenge bedeelegen, déi de Stat da kéint verlounen. Et kéint een sech hei eeben e Beispill un den Defence Bond fir e kloert Objektiv, an dësem Fall de Wunnengsbau oder d'energeetesch Transitioun huelen.
“En attraktiven Taux fir de Marché, eng kuerz Lafzäit, 3 bis 5 Joer, well Privatleit sech manner laang gär bannen, an de Gesamtmontant dovun, dat bleift nach ze kucken. Ech kéint mir perséinlech, dat kann ech awer soen, e gesamte Volume vun 150 bis 250 Millioune virstellen.”
Wann et dem Finanzminister no geet, da wär nach dëst oder Ufank d’nächst Joer eng Emissioun dovu méiglech.
De Gilles Roth huet nach preziséiert, datt fir den Defence Bond am Ganzen 2.380 Investisseure Sue ginn hunn. All Sechsten hätt de Maximum vun 150.000 Euro investéiert. Et hätt een dat zwee- bis dräifacht kënnen ënnert d’Leit bréngen, esou nach de Gilles Roth.