Déi éischt Maschinn mat Lëtzebuerger:innen, déi sech am Noen Osten opgehalen hunn, huet de Fluchhafen am Oman verlooss mat 104 Passagéier, dovunner 7 Bëbeeën. Dee Fluch géif awer eng obligatoresch Tëschelandung an Ägypten zu Hurghada maachen, heescht et an engem Communiqué vun der Regierung.
D’Luxair hätt iwwerdeems nach eng weider Maschinn an Ägypte positionéiert - déi soll haut am Laf vum Dag nach an den Oman fléien, esou nach d’Regierung am Communiqué.
Den Ausseminister Xavier Bettel huet op engem Point Press de Moie gesot, et géifen nach Lëtzebuerg:innen an der Regioun op déi nächst Flich heem waarden.
"Mir hunn 132 Leit, déi am Moment zu Maskat an Hotelle sinn. Dat sinn déi Leit, déi gëschter ukomm sinn oder an der Nuecht och ukomm sinn. An et sinn am Moment 145 Leit, déi och op der Grenz sinn tëschent Maskat an Dubai. Mat der Defenseministesch, mat der Madamm Backes, si mir och amgaangen. Den MRTT, deen ass am Moment och erof amgaang ze fueren, deen ass an Ägypten esouguer schonn. A mir kucken awer och nach fir aner Flig ze kréien, mat grousse Capacitéiten. Do passe bal iwwer 250 Leit dran eran. A mat de Belsch och mam A400M."
Et wier een och mat der Belsch am Kontakt fir Fligere vum Typ A400M fir de Rapatriement ze organiséieren. Den Ausseminister wäert seng Rees a Spuenie verkierzen a kennt wéinst der aktueller Situatioun schonn den Owend zeréck. Visitt geet offiziell bis muer de Mëtteg 1 Auer.