Radioen

On air

Notturno  |  Cola - Pulling Quotes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Strofprozess géint de Gérard Depardieu fänkt un

Wéinst sexueller Aggressioun

De Strofprozess géint de Gérard Depardieu fänkt un

Zu Paräis muss sech de Franséische Schauspiller Gérard Depardieu vun e Méindegmëtteg u viru Geriicht veräntwerten. Him gëtt virgeworf, zwou Frae sexuell belästegt ze hunn. De Prozess géint de 76-Järegen ass fir eMéindeg an en Dënschdeg ugesat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Gérard Dépardieu | © picture alliance/dpa | Jens Kalaene play_arrow
Gérard Dépardieu (Foto: picture alliance/dpa | Jens Kalaene)

Sollt de Gérard Depardieu schëlleg gesprach ginn, riskéiert hie bis zu 5 Joer Prisong, heescht et vum Paräisser Parquet.

Et ass den zweeten Ulaf fir e Prozess dee schonn zejoert hätt solle sinn, wéinst dem Schauspiller sengem gesondheetlechen Zoustand awer huet misste verluecht ginn. Dës kéier huet de Gérard Depardieu missen e medezinescht Gutachte virweisen.

Net déi éischte Kéier, datt hie sech veräntwerte musse

Hie leit zënter Joren ënner anerem un Diabetes. Schonn am Virfeld ass kloer, datt de Prozess Welle schloe wäert. Säin Affekot ass fir seng provokativ Approche bekannt. Zwou Frae reprochéieren dem Gérard Depardieu, datt hie si 2021 um Set vum Film "Les Volets Verts" sexuell belästegt soll hunn. 

Nieft verbalen Aussoe soll hie si géint hire Wëlle festgehalen an am Intimberäich ugepaakt hunn. De Schauspiller weist all Reproche vu sexueller Gewalt vu sech. Et ass awer net déi éischte Kéier, datt hie sech wéinst sexuellem Mëssbrauch viru Geriicht veräntwerte muss.

Wéinst Verjärungsfrist vill Reprochen ouni Konsequenzen

2018, op der Héicht vun der #MeToo-Beweegung, hat d’Schauspillerin Charlotte Arnould hie wéinst sexueller Belästegung ugeklot. D’Ermëttlungen an dëser Affär lafen nach. 

Iwwer 20 Beschëllegunge goufen et an de leschte Joer géint de Gérard Depardieu. Wéinst der Verjärungsfrist sinn der vill vun deenen ouni Konsequenze bliwwen.

Fir d’feministesch Beweegungen a Frankräich ass et eng Affär déi virop wéinst dem Gérard Depardieu sengem Gewiicht an der franséischer Pop-Kultur vu grousser Bedeitung ass.

Lauschterenplay_arrow