Radioen

On air

Jazz Club  |  Aaron Parks Little Big live at Jazz Dock Prague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Korruptiounsverdacht am EU-Parlament: Razzien a Festnamen

EU-Parlament riskéiert neie Korruptiounsskandal

Korruptiounsverdacht am EU-Parlament: Razzien a Festnamen

Am Europäesche Parlament riskéiert et een neie Korruptiounsskandal ze ginn. Am Kader vun Enquête wéinst aktiver Bestiechung a Fälschung waren haut ronn 100 Polizisten aktiv, bei 21 Perquisitiounen an der Belsch an a Portugal. Dat huet de belsche Parquet matgedeelt.

auto_stories

1 min

Europaparlament | © European Union 2025 - Source : EP
Europaparlament (Foto: European Union 2025 - Source : EP)

Eng Rei Verdächteger wiere provisoresch festgeholl ginn. Si kréien aktiv Korruptioun a Fälschung virgehäit.

Am Fokus stéing de chineeseschen Telekommunikatiounsris Huawei, wéi belsch Medie mellen.

Ob och EU-Deputéierter festgeholl gi sinn, gouf net matgedeelt. 

Angscht virum chineeseschen Afloss op westlech Telekommunikatioun

D‘Lobbyiste sollen zënter 2021 EU-Deputéierter an Assistente bestach hunn. Huawei soll si bezuelt hu fir politesch Positiounen ze huelen oder hinne Kaddoe gemaach hunn, wéi Reesen oder Invitatioune fir Fussballsmatcher.

Chineesesch Technik an der westlecher Telekommunikatioun ass zënter Joren een ëmstriddent Theema. Huawei-Kritiker fäerten, datt China iwwer dës Entreprise Zougrëff op Handys-Reseaue kritt hätt.