De Kuss-Skandal ronderëm de Luis Rubiales kritt eng weider juristesch Suite
De Parquet vu Madrid fuerdert, datt d‘Urteel annuléiert gëtt an dass de Prozess widderholl gëtt. Déi zoustänneg Procureurin huet en neie Prozess gefrot mat engem Riichter, deen net grad sou befaange wier, wéi si et ausgedréckt huet.
Luis Rubiales (Foto: picture alliance / Juan Carlos Rojas | Juan Carlos Rojas)
De President vum spuenesche Fussballverband Luis Rubiales war jo wéinst dem Kuss op der Frae-WM 2013, wéinst sexueller Agressioun verurteelt ginn, d‘Strof vu knapp 11.000 Euro war awer a Spuenien schaarf kritiséiert ginn, well et ze mëll wier. De Parquet hat zwee an en halleft Joer Prisong gefrot.
Och de Rubiales an déi betraffe Fussballspillerin Jenni Hermoso wéilten an Appell goen, dat ass awer nach net confirméiert.