Den CSV-Schäffen Yves Loose sot, fir hie géif et kee Sënn maachen, weider un engem Budget ze schaffen, wa sech DP, LSAP an déi gréng schonn op e Koalitiounsvertrag gëeenegt hätten. An dofir géif hien elo zerécktrieden.
Deemno kéint nächste Mëttwoch an der Gemengerotssëtzung en neie Schäfferot gewielt ginn. Dem Yves Loose no ass dee Punkt bis elo awer net um Ordre du Jour vum Gemengerot.