Fir d’Zukunft hätt ee sech als LSAP an DP ee “Raster” fir d’Zesummenaarbecht gesat.
D’Gemengerotssitzung vu Méindeg, an där de Budget fir 2026 hätt solle gestëmmt ginn, war jo ganz kuerzfristeg op den 12. Januar verréckelt ginn.
Sträit tëschent Buergermeeschtesch a Schäffe
Am Virfeld hat et geheescht, datt d’LSAP-DP-Koalitioun zu Dippech hätt kënnen zerbriechen, wann d’DP géint de Budget gestëmmt hätt. Am Summer hat et scho geheescht, datt ee Réckzuch vun der DP als Koalitiounspartner eng Optioun wier. Donieft gouf et Sträit tëschent der LSAP-Buergermeeschterin an dem LSAP-Schäffe Philippe Meyers.
Wéi ass déi aktuell Stëmmung am Schäfferot?
Dozou sot d’Manon Bei-Roller “fir zesumme mateneen ze schaffe muss een net ëmmer best buddies sinn.”
Et hätt een och vun de Wieler:innen den Optrag kritt eng “positiv Aarbecht” fir d’Gemeng Dippech ze maachen.
“Dat ass eis awer elo allen dräi oder alle siwen awer elo kloer ginn.”
Mam Koalitiounspartner DP wier elo alles gekläert, seet d’LSAP-Buergermeeschterin mat Bléck op de geplangte Vott vum Budget den 12. Januar d’nächst Joer.
“Ech hoffe jo, datt dat elo esou unhält, datt och net elo rëm eng DP rëm virum 12. rëm hir Meenung do rëm wäert änneren.”
Genuch finanzielle Puffer
No Kriticke vum Gemengerotsmember Sven Schaul vun der Biergerinitiativ Gemeng Dippech um Schäfferot, wéinst enger “neier Affär” ronderëm d’ASBL “Vivre ensemble” an hire Finanzen, reagéiert d’LSAP-Buergermeeschterin Manon Bei-Roller a behaapt, de Sven Schaul wier een “Onroustëfter”.
“Dofir sinn ech awer och an d’Politik iwwerhaapt hei era gaangen, fir géint esou Leit virzegoen, déi ëmmer nëmme meckeren, mee déi ni vu sech mat Léisunge kommen.”
An enger Stellungnam ee Mëttwoch (10. Dezember) hat de Sven Schaul ënner anerem d’Fro gestallt, ob et wéinst diverse Problemer net un der Zäit fir Neiwalen an der Gemeng Dippech wier.
An d’Buergermeeschterin vun der Gemeng Dippech rechent iwwerdeems net mat Problemer, well de Budget gëschter net gestëmmt gouf, mee méiglecherweis eréischt den 12. Januar d’nächst Joer. Et hätt ee genuch finanzielle Puffer fir dat ze iwwerstoen, esou d’Manon Bei-Roller.