arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppositiounskritik bei de Stater Budgetsdebatten – Vott vum Budget ee Méindeg

Stad Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

Oppositiounskritik bei de Stater Budgetsdebatten – Vott vum Budget ee Méindeg

Am Stater Gemengerot gouf um Freidegmoien iwwer de Budget fir 2026 diskutéiert. D’Oppositioun huet ënner anerem kritiséiert, datt d’Uewerstad privilegéiert géif behandelt ginn.

headphones

1 min

Archivfoto | © picture alliance / imageBROKER | Alexander Pöschel
Archivfoto (Foto: picture alliance / imageBROKER | Alexander Pöschel)

De Budget 2026 vun der Stad Lëtzebuerg géif déi verschidde Quartieren an der Stad net gläichméisseg berücksichtegen: Déi Kritik huet de lénken Deputéierten David Wagner de Moie bei de Budgetsdebatte geäussert.  

D’Budgets-Rapportrice Anne Kaiffer (DP) hätt de Fokus vum Budget 2026 op de Commerce geluecht, esou den David Wagner. Déi meeschte Sue géifen an d’Uewerstad fléissen, zum Nodeel vun anere Quartieren. 

De François Benoy vun déi gréng huet den Ëmgang mam Leerstand an der Stad kritiséiert. Et misst ee sech e Beispill un der Gemeng Esch huelen, déi eng Taxe agefouert huet op Geschäfter, déi eidel stinn. Déi Lenk hunn sech dëser Kritik ugeschloss. 

Konkurrenz duerch vill Foiren a Wantermäert?

De Gabriel Boisante (LSAP) huet d’Fro opgeworf, ob déi vill Foiren a Chrëschtmäert de Commerçanten an der Stad net hier Clientèle géifen ewechhuelen. Ronn 15 Wochen am Joer wiere mëttlerweil Forains-Marchéen an der Stad.

De Stater Gemengerot stëmmt e Méindeg iwwer de Budget 2026 of.

Déi geplangte Recettë vum ordinäre Budget leie bei 1,3 Milliarden Euro, d’Depensë bei méi iwwer 900 Milliounen.