arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëlzer CSV muss an d'Oppositioun - Patrick Comes gëtt neie Buergermeeschter

Lokales

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Wëlzer CSV muss an d'Oppositioun - Patrick Comes gëtt neie Buergermeeschter

Nodeems dem CSV-DP Schäfferot de Moien d'Vertrauen entzunn gouf, sot den neien LSAP Buergermeeschter Patrick Comes hie géif op eng gutt Zesummenaarbecht am Gemengerot hoffen. Hie war bei de Gemengewale fir d’CSV ugetrueden an huet sech réischt viru kuerzem der LSAP ugeschloss.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Mësstrauensvott an der Gemeng Wolz den 29. Dezember 2025 | © Radio 100,7
Mësstrauensvott an der Gemeng Wolz den 29. Dezember 2025 (Foto: Radio 100,7)

Aus schwaarz-blo gëtt rout-blo. Wat sech virun e puer Wochen mam gescheiterte Budgetsvott schonns ugekënnegt hat, ass elo Realitéit. D’CSV-DP Majoritéit gouf mat 8 zu 5 Stëmmen ofgewielt wouduerch de Wee fräi ginn ass fir eng nei Koalitioun zu Wolz.

Nieft dem neie Buergermeeschter Patrick Comes, sinn de Michael Schenk vun der LSAP, an de Maurice Muller vun der DP an Zukunft nei am Schäfferot. Konkret politesch Ziler wollt de Patrick Comes nach keng nennen:

"Et geet ëm Wolz, et geet ëm d'ganz Gemeng. An an deem Sënn ass et fir eis wichteg, elo ze kucken, datt mer op een Niveau kommen a jiddweree mat an d'Boot huelen an net einfach soen, lo mir maachen et an déi aner net."

"Et geet elo drëm no vir ze kucken"

Hie géif dofir och op d’Akzeptanz vum Gemengerot hoffen, esou de Patrick Comes:

"Et geet ëm d'Basis, ëm d'Biergertum dobaussen. A méi ass elo net ze soen, mir wëllen elo kee méi benodeelegen. An dat hu mer jo och ni gemaach. Mee et ass eben ee Punkt, dee mir jo eis jo och net erausgesicht hunn. Et ass eben de Fait, wéi en elo ass. An et geet elo no vir ze kucken."

Hie wéisst nach net wat fir eng Oppositiounsaarbecht hie vun der CSV soll erwaarden. 

"Dat musse si wëssen, wéi se et wëlle maachen. Op jidde Fall, mir huele jiddweree mat an d'Boot eran. A mir wäerten och bei jiddwerengem, hoffe mir, ob wa mer keng Akzeptanz solle kréien. Mee et geet ëmmer wichteg, et geet ëm d'Basis, ëm d'Biergertum dobaussen. 

CSV Buergermeeschtesch f.f. bleift positiv

No vir kucke wëll och d’Nach-CSV Buergermeeschtesch Carole Weigel. Si bleift am Amt bis den neie Schäfferot vereedegt ass. Nom gescheiterte Budgetsvott, wier si drop virbereet gewiescht, datt hirem Schäfferot d’Vertraue géif entzu ginn, esou d’Carole Weigel. Si géif der neier Koalitioun vill Gléck wënschen a sech elo op konstruktiv Oppositiounsaarbecht  konzentréieren:

"Ech mengen et ass mir ëmmer erëm nëmmen ëm de Wëlle vun de Leit gaangen, ëm d'Wuel vun de Leit an du schaffs hei fir d'Bierger aus der Gemeng. An natierlech gëtt do alles elo kontrolléiert, wann do just politescht Interesse soll sinn oder perséinlecht, dann ass eng Oppositioun do, fir Kontroll ze maachen an déi wäerte mir och maachen."

D’Carole Weigel mengt net, datt den neie Budget vill anescht wäert ausgesinn wéi deen, deen hire Schäfferot virgeluecht hat. Déi grouss Projeten zu Wolz misste nämlech och vun der neier Koalitioun virugedriwwe ginn, fënnt déi demissionär CSV-Buergermeeschtesch.

Um Méindegmoien war der CSV-DP Majoritéit d’Vertrauen duerch ee Mësstrauensvott entzu ginn. Direkt dono gouf am huis clos dunn en neie Schäfferot gewielt. D’CSV muss doduerch elo an d’Oppositioun. Den CSV-DP Schäfferot bleift awer am Amt bis den neie Schäfferot vereedegt gouf.

play_arrow Lauschteren