arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus Schwaarz-Blo gëtt Rout-Blo: Politesche Wiessel zu Wolz steet fest

Gemengepolitik

|
headphones

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Aus Schwaarz-Blo gëtt Rout-Blo: Politesche Wiessel zu Wolz steet fest

Wolz kritt en neie Buergermeeschter un der Spëtzt vun enger neier Koalitioun. Gëschter um Donneschdeg huet de Budgetsprojet vun der CSV-DP-Majoritéit nämlech keng Majoritéit am Conseil kritt. Buergermeeschter gëtt awer wuel net den Nächstgewielten.

headphones

3 min

headphones

9 min

play_arrow

9 vun 13 Conseilleren hu géint den neie Budget gestëmmt. Datt déi sechs LSAP-Membere vum Gemengerot dat gemaach hunn, dat verwonnert net.

Mee et hunn och zwee vun den dräi DP-Leit dogéint gestëmmt an domat hu se hire Schäffen Amel Cosic desavouéiert, deen dorops hien ugekënnegt huet, sech komplett aus dem Gemengerot zeréckzezéien.

Wat ass bis elo geschitt?

Lo wäert et zu enger rout-bloer Koalitioun zu Wolz kommen, mat engem LSAP-Buergermeeschter. Dee wäert awer net Michael Schenk heeschen.

Hie war 2023 bei de leschte Gemengewalen den Zweetgewielten op der LSAP-Lëscht. Dat hanner dem Ex-Buergermeeschter Frank Arndt, dee sech awer zeréckgezunn huet.

Beruff a Buergermeeschterposte passen net ënner een Hutt

Och wann hien elo e Recht hätt, de Buergermeeschterposte fir sech ze beusprochen, kéint hien et aktuell net mat sengem Beruff ënner een Hutt kréien.

"Ech hunn awer och op der Aarbecht als Direkter vu Betreiungsstrukture vill Responsabilitéit. Mir hu vill nei Projeten ugekuerbelt an ech kann déi Responsabilitéit och net einfach fale loossen, soudatt et mir elo net méiglech ass, 40 Stonne Buergermeeschter ze sinn."

Zu Wolz huet een aktuell als Buergermeeschter 40 Stonne Congé politique zegutt.

Dofir leeft et elo op de Patrick Comes eraus, deen 2023 och vill Stëmme kritt huet. Dat awer op der CSV-Lëscht. Hien huet sech der LSAP réischt viru Kuerzem ugeschloss, nodeems hie virdrun eng Zäit als Onofhängegen am Gemengerot souz.

Patrick Comes, neie Buergermeeschter?

Een Ex-CSV-Mann elo als LSAP-Buergermeeschter? Dat wier eng “spannend Situatioun”, seet de Michael Schenk, gesäit awer kee Problem doran.

"Ech mengen, de Patrick Comes huet jo deemools ganz kloer seng Decisioun geholl, well einfach sech net un Ofsproochen, respektiv um Arrangementer gehale gouf innerhalb vun der CSV. Dunn ass en als Neutralen an de Gemengerot gaang. En huet och als Neutrale vill Projete mat eis gestëmmt. Mir waren am enken Austausch."

Den Drëttgewielten Daniel Strecker wier an der selwechter berufflecher Situatioun wéi hien, erkläert de Michael Schenk, dofir wier de Patrick Comes de beschte Choix.

Déi schwaarz-blo Koalitioun wier wéinst Divergenzen tëschent béide Parteie gescheitert. Dat wier awer just d’Situatioun, wéi se déi fréier Buergermeeschtesch duergestallt hätt, mengt de Michael Schenk. Als LSAP hätt ee scho vun Ufank un op Problemer innerhalb vun där Koalitioun higewisen.

DP ee "verlässleche Partner"

Datt et tëschent Rout a Blo besser funktionéiere wäert, dovun ass den LSAPler iwwerzeegt.

"Mir hate lo ganz gutt, positiv Gespréicher mat der DP a mir ginn dovun aus, datt se selbstverständlech e verlässleche Partner wäerte sinn."

Eng Koalitioun mat der CSV wier och eng Optioun gewiescht, seet de Michael Schenk. Et wier numeresch méiglech gewiescht. Et wier een als LSAP no de leschte Walen och vu béide Parteie kontaktéiert ginn.

"An natierlech hu mir, wéi sech fir eng Demokratie gehéiert, mat deenen zwee Partner geschwat."

Den ordinäre Budget an de Grëff kréien

Et wier een aktuell am gaangen, de Koalitiounsprogramm ze finaliséieren, esou de Michael Schenk weider am 100,7-Interview. Dat wichtegst wier elo, den ordinäre Budget an de Grëff ze kréien, well “extrem grouss Projeten” géifen ustoen.

D’Gemeng wëllt sech och e Sportkoordinator zouleeën.

play_arrow Lauschteren