Relativ séier no der Dot war e Mann festgeholl ginn. Zënter gëschter, Méindeg, kritt deen haut 51 Joer alen Ugekloten dowéinst zu Dikrech de Prozess gemaach.
Gëschter huet de Mann erkläert - vun deem Leit, déi mat him ze dinn haten, soen, hie wier ouni Emotiounen -, datt hien dobäi gehollef hätt, d’Läich ze zerstéckelen.
Mann soll aktiv Roll gespillt hunn
Wouropshin den Dikrecher Procureur Ernest Nilles festgehalen huet, datt de Mann eng éischte Kéier géif zouginn, eng aktiv Roll gespillt ze hunn; bis dato hätt hien ëmmer behaapt, passiv gewiescht ze sinn. De kleng gewuessenen a gréisstendeels schwaarz gekleete Mann betount awer weiderhin, hien hätt "éi Persoun net doutgemaach", dat wier säin Neveu gewiescht.
Wat dee fir d’Affer fatalen 18. September 2022 ugeet, hätten den Neveu an d’Affer gestridden. Hie wier dobausse gewiescht, hätt d’Fra ee Moment jäizen héieren, éier den Neveu erauskoum a sot, si doutgemaach ze hunn. Esou hat de Beschëllegten engem Psychiater den Dag vun der Dot beschriwwen.
Affer wier wärend der Dot éischter schléifreg gewiescht
Fir den Expert hätt den Ugeklote keng grouss Empathie, hie wär zur Zäit vun der Dot awer komplett zourechnungsfäeg gewiescht. Eng Geriichtsmedezinnerin sot aus, schaarf Gewalt géint den Hals, wéi d’Fra nach gelieft huet, wier wuel de Grond fir hiren Doud, si wär verblutt. Fir en Toxikolog war d’Affer iwwregens, wéinst héije Konzentratioune vun Antidepressiva a Spuere vun Haschisch, déi festgestallt goufen, zur Zäit vun der Dot éischter schléifreg.
Bluttspueren am Haus vum Affer
Engem Expert vun engem däitsche Landeskriminalamt no wiere fir d’Zerstéckele vun der Läich wuel dënn, glat Messeren an/oder en dënnt Kichebeil benotzt ginn.
D’Police judiciaire war 8 Deeg no der Dot drop opmierksam gemaach ginn, datt d’Fra eng Zäitche schonn net gesi gi war, esou e Kommissär vun der PJ. Wéi d’Confirmatioun koum, datt d’Läichendeeler a Frankräich vum Affer wieren, goung d’Detailaarbecht lass. Iwwer e Mount no de Faiten hätt eng cheemesch Substanz gewisen, datt et Bluttspueren am Haus vum Affer gouf an do gutt gebotzt gi war. Bluttspueren hätt een am Schlofzëmmer fonnt, bis an de Gank eran an an de Keller erof, dunn hätt ee gewosst, datt do eppes geschitt wier.
Dëse Prozess geet iwwermuer virun.