arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Brutalen Doud vun enger Fra 2022: Ugeklote beschëllegt Neveu

Geriicht Dikrech

|
headphones

1 min

Brutalen Doud vun enger Fra 2022: Ugeklote beschëllegt Neveu

Am Prozess ëm de brutalen Doud vun enger Fra, am September 2022, zu Dikrech huet den Ugekloten um Freidegmoien um Dikrecher Geriicht widderholl, datt hien d’Affer net ëmbruecht hätt: Dat wier säin Neveu gewiescht.

headphones

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

An den zwee Méint no der Dot waren zu Mont-Saint-Martin a Frankräich an zu Temmels an Däitschland Stécker vun der Fra hirer Läich fonnt ginn. Den haut 51 Joer ale Mann kritt dowéinst de Prozess gemaach. 

Wéi d’Affer dout war, hätt hie sech tëschent deem an dem Neveu missen entscheeden an hätt schlecht reagéiert, dofir hätt hie beim Verschwanne-loosse vun der Läich gehollef.

An enger Woch dierft dëse Prozess ofgeschloss ginn.