De Patrick Kohn war bis elo deen eenzegen ADR-Conseiller am Gemengerot zu Beetebuerg. D'Koalitioun tëschent der CSV, déi gréng an der DP huet domat elo 9 vu 15 Mandater am Beetebuerger Gemengerot. Well d'ADR elo kee Conseiller méi huet, ass d'LSAP mat 6 Mandater déi eenzeg Oppositiounspartei.
arrow_back_ios
Noriichten
Gemengerot zu Beetebuerg
|Beetebuerger Gemengeconseiller wiesselt vun der ADR bei d'CSV
De Gemengeconseiller Patrick Kohn huet d’ADR verlooss a schafft vun elo un an der CSV-Fraktioun, dat deelt d’CSV vu Beetebuerg an engem Schreiwes mat. Ee Grond fir de Wiessel gëtt allerdéngs net genannt.
(Foto: Eric Ewald)