Dem franséischen Ausseministère no wier d'Situatioun zënter den Attacke vum 25. Abrëll zu Bamako net méi sécher. Do haten Dschihadistesch Terrororganisatiounen sech zesummegedoe mat den Tuareg-Rebellen, an op verschiddene Plaze militäresch Ziler attackéiert. Laut der Regierung sinn dobäi op d'mannst 16 Mënsche blesséiert ginn.
Frankräich réit och strikt dovun of, momentan an de Mali ze reesen. Ronn 4.200 franséisch Staatsbierger:inne sinn am Mali registréiert.