arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vente vu chineesesche Sexpoppe schléit weider héich Wellen

Frankräich

|
headphones

1 min

Vente vu chineesesche Sexpoppe schléit weider héich Wellen

De Skandal ëm d'Vente vu chineesesche Sex-Poppe mat pedophillem Charakter schléit weider héich Wellen a Frankräich. Déi chineesesch Online Verkafsplattform Shein huet d'Kanner-Sexpoppen a Frankräich a weltwäit verkaf.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

De Paräisser Parquet huet de franséischen Office des Mineurs mat véier Enquêtë géint Shein, an déi dräi aner Online-Verkafsplattformen AliExpress, Temu a Wish beoptraagt. Wéi et heescht, krut de Parquet signaliséiert, datt och déi aner Plattforme Kanner-Sexpoppe fir d'Vente ugebueden hunn.

Accès verléieren

De franséische Wirtschaftsminister Roland Lescure sot, Shein kéint den Accès op de franséische Maart gespaart kréien. D'Plattform huet verséchert, datt d'Kanner-Sexpoppen zënter e Sonndeg net méi an der Vente wären.

Protest viru Geschäftshaus BHV

Iwwerdeems gouf et gëschter um Méindeg eng Manifestatioun virum Geschäftshaus BHV zu Paräis. Do soll Shein muer, Mëttwoch de 5. November, säi weltwäit éischte physesche Buttek opmaachen.