arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les Républicains schléisse Regierungsbedeelegung ënner dem Lecornu aus

Frankräich

|
headphones

1 min

Les Républicains schléisse Regierungsbedeelegung ënner dem Lecornu aus

A Frankräich hunn déi konservativ Les Républicains ugekënnegt, fir net an d‘Regierung vum neien-ale Premier Sébastien Lecornu ze goen. Den LR, deen zënter den Neiwahlen am Summer zejoert zu der fragiller Regierungs-Koalitioun gehéiert huet, wéilt déi nei Regierung just "Text fir Text" ënnerstëtzen.

headphones

1 min

© EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
(Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Den demissionäre Sébastien Lecornu gouf jo um Freidegowend erëm vum franséische President Emmanuel Macron als Premier nominéiert. De Lecornu huet eng enorm Aufgab, déi ënner Zäitdrock muss gemaach ginn: Bis e Méindeg soll eng nei Regierung stoen an e Méindeg soll och de Budget fir d‘nächst Joer presentéiert ginn.

Hie riskéiert allerdéngs och dës Woch schonn ee Mësstrauensvott vun der Oppositioun. De Vott kéint schonn en Donneschdeg sinn. D‘Sozialisten, op déi de Lecornu ugewisen ass, wëllen d‘Regierung just dann net stierzen, wa se grouss Zougeständnisser – notamment bei der Pensiounsreform – mécht.