arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emmanuel Macron: Russland verdeedegt néirens Fridden

Paräis

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Emmanuel Macron: Russland verdeedegt néirens Fridden

De franséische President huet d’Friddensabsichte vu Russland a Fro gestallt. Dat huet den Emmanuel Macron bei enger Entrevue mam ukrainesche President zu Paräis däitlech gemaach.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/TERESA SUAREZ
(Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

De Krich am Iran steet zwar de Moment am weltwäite Fokus, de Krich an der Ukrain geet awer och nach weider. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj war haut zu Paräis beim President Emmanuel Macron.

Macron: kee Changement bei Engagementer fir d'Ukrain

Den Emmanuel Macron huet ënnerstrach, datt de Krich am Noen Osten näischt um franséischen oder europäeschen Engagement fir d’Ukrain géing änneren.

Déi russesch Féierung géing sech ieren, wann si géing hoffen, datt de Krich am Iran hinnen eng Otempaus géing ginn, esou de Macron.

Am Fokus vun der Pressekonferenz zu Paräis stoung awer d’Entscheedung vun den USA d’Sanktiounen op de russesche Pëtrol wéinst der aktueller Lag ze lackeren. De Macron huet ënnerstrach, dëst wier eng temporär a limitéiert Entscheedung vun den USA a si géing näischt un der europäescher Haltung änneren.

Kritik vum Selenskyj

De Selenskyj sot déi amerikanesch Entscheedung géing sécher net hëllefe fir Fridden ze schafen. Russland kéint duerch d’Lockerung eng 10 Milliarden US-Dollar verdéngen.

De Macron huet och annoncéiert, datt de Kredit vun 90 Milliarden Euro vun der EU un d’Ukrain net duerch déi aktuell Wirtschaftslag a Gefor géif geroden.

De Macron an de Selenskyj hu sech iwwer déi bilateral Sécherheet ënnerhalen. Den ukrainesche President sot säi Land hätt eng immens Dronen-Expertise, déi och am Noen Oste kéint hëllefräich sinn.

Um Freideg gouf annoncéiert, datt e franséischen Zaldot bei enger iranescher Dronenattack am Irak ëm d’Liewe koum. De Macron huet awer nach eemol ënnerstrach, datt déi franséisch Haltung an der Regioun reng defensiv wier, an een elo keng Géigeschlags-Zenarien opstellt.

play_arrow Lauschteren