Den 41-Joer ale Yoga Professer Camilo Castro, deen a Kolumbie lieft, war de 26 Juni verschwonnen, wéi hie säi Visa op engem Grenzposten tëschent Venezuela a Kolumbie wollt erneieren.
Seng Famill an d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International soten, hie wier vun de venezuelaneschen Autoritéite festgeholl ginn. Amnesty hat am Summer an engem Rapport behaapt, datt zënter de Re-Elektioun vum Nicolas Maduro am Venezula reegelméisseg politesch Géigner:innen an Auslänner:innen verhaft an agespaart géife ginn.