Mir hunn eis mat enger däitsch-polnescher Famill zu Beetebuerg zesummegesat a mat hinnen iwwer hiren Alldag als méisproocheg Famill geschwat.
D'Anna mécht zesumme mat hirer Duechter Antonia an engem frëndleche Laachen d'Dier op. D'Begréissung verleeft op Däitsch. Kee Wonner: Si ass aus Däitschland, aus der Géigend vun Nürnberg. An der Kichen treffe mir op den Daniel, de Papp. Hien ass aus Polen. Hien ass amgaange mam 3-järege Janusch ze spillen.
Wie schwätzt mat wiem?
Bei der Fro wéi eng Sprooch si doheem am meeschte schwätzen, kënnt séier eraus, datt et mat de Sprooche ganz dovunner ofhänkt, mat wiem ee schwätzt. D'Eltere schwätzen zum Beispill polnesch ënnerteneen. Och wann et eigentlech eng Friemsprooch fir d'Anna ass, erklären d'Elteren.
"Am Anfang haben wir Deutsch gesprochen. Sie hat gerade angefangen, Polnisch zu lernen. Und dann, dann ist sie mit dem Niveau so schnell hochgekommen. Dann haben wir uns gesagt, okay, sie kann jetzt doch besser Polnisch als ich Deutsch."
Fir d'Meedercher ass d'Mammesprooch Däitsch
Nieft dem klenge Janusch huet d'Famill och nach zwou Duechteren. D'Luisa ass 13 Joer al, an d'Antonia ass der 11. Mat de Kanner schwätzen d'Elteren ofwiesselnd Däitsch a Polnesch. Si schwätzen awer och Lëtzebuergesch an äntwere meeschtens an där Sprooch, an där si ugeschwat ginn.
Fir d'Luisa an d'Antonia ass d'Mammesprooch Däitsch. Dat ass och déi Sprooch, an där si meeschtens ënnertenee schwätzen.
Ënnerschiddlech Schoulen, ënnerschiddlech Preferenzen
D'Meedercher ginn a verschidde Schoulen. D'Luisa, déi eelsten Duechter, geet zënter e puer Joer an Däitschland an de Schengen-Lycée. Do schwätzt hatt also bal de ganzen Dag Däitsch. D'Antonia wëllt léiwer zu Lëtzebuerg an der Schoul bleiwen, wou hatt mat senge lëtzebuergesche Frënn an de Lycée wëllt.
De Janusch geet zënter September zu Lëtzebuerg an de Precoce. Dat géif sech och sproochlech bemierkbar maachen, erkläre seng Elteren.
"Das bringt er eben immer aus der Schule mit. Ja, aber Polnisch will er nicht. Man hat schon den Eindruck, dass Luxemburgisch ihm eben näher ist als das Deutsche, oder das Polnische."
Béid Eltere versti gutt Lëtzebuergesch
D'Anna ass 2009 fir d'Aarbecht op Lëtzebuerg geplënnert. Si versteet Lëtzebuergesch relativ gutt, seet si. Si war och eng Zäit an engem Cours fir d'Sprooch ze léieren. Op hirer Aarbecht schwätzt si kee Lëtzebuergesch. Si ass nämlech Iwwersetzerin beim Europäesche Parlament.
Den Daniel léiert Lëtzebuergesch iwwer den Alldag. Hie versteet d'Sprooch zimmlech gutt, traut sech awer net ze schwätzen.
"Da gibt's Blockaden. Und in meinem Umfeld haben wir zwei Kollegen, die Luxemburger sind und Luxemburgisch sprechen, aber klar, die sprechen auch Deutsch und das ist einfach."
Eng bewosst Decisioun
D'Famill hätt sech et sproochlech kënne méi einfach maachen, andeems si op déi däitsch Säit vun der Grenz geplënnert wieren. D'Decisioun zu Lëtzebuerg selwer ze wunnen, war e ganz bewosste Choix, seet d'Anna. Hir Situatioun wier zwar eng Erausfuerderung, mee trotzdeem faszinéierend.
"Uns war es halt eben auch wichtig, dass die Kinder auch die Chance hier nutzen können, hier so mehrsprachig groß zu werden und eben auch Luxemburgisch zu lernen."
Heiansdo vermësche sech d'Sproochen
Allgemeng fënnt déi ganz Famill, datt et flott ass méi Sproochen ze kënnen. Ëmmerhi komme virun allem fir d'Kanner Englesch a Franséisch an der Schoul derbäi. Fir d'Luisa hunn d'Sproochen e sozialen Aspekt:
"Ech mengen et ass schonn e Virdeel, well ech ka mech mat vill méi Leit verstännegen, wéi wann ech just eng Sprooch géif kënnen oder zwee. Ob ech nach méi léiere wëll, weess ech net, vläicht nach eng, mee ech mengen, soss gëtt mer och ze vill."
Schlussendlech schéngt et awer fir si all kloer ze sinn, wat hir Mammesprooch ass. Och wann een doheem heiansdo e puer Sproochen an engem Saz vermëscht.