arrow_back_ios

One World

Sparkles

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

De brittesch-kolumbianesche Kollektiv Metizo mëscht e sprëtzege Sound, dee kolumbianesch Traditioune mat Salsa, Funk a lyreschem Rap verbënnt.

Mir entdecken The Hawds, eng Band, déi an England baséiert ass. Hiren agreabele Mix verbënnt Funk, Rock, Country an Jazz-Elementer.

Deen neien Album “Mango” vu Mo' Horizons koum am Oktober eraus, en Disk mat bekannte Gaascht-Invitéen …

Aner Decouverte hei si Bala Desejo, eng wuel bekannte Band vu Rio de Janeiro. Dëst Joer si si um Womad Festival programméiert.

Deen héich geschaten indesche Sitar-Spiller Jasdeep Singh Degun, dee vun den Nord-indeschen Traditiounen beaflosst ass, deelt mat eis en neien Titel ...

One World mat och der talentéierter Harfenistin Cerys Hafana, déi déi walisesch Folk-Traditiounen definitiv zäitgenëssesch interpretéiert.

Blaudzun ass den Artistennumm vum hollännesche Singer-Songwriter Johannes Sidmond. Mir héiere säi Soundtrack “Musik ungeklärter Herkunft” mat Kompositiounen, déi d’Ausstellung vum Artist Sigmar Polke am Cobra Museum begleet hunn.

E bësse Punk ass och derbäi mat The Great Malarky. Si si vun The Pogues an och vun engem Manu Chao beaflosst.


Playlist:

1. Mestizo - Goldmine (feat. N. Hardem & Shantéh) - Mestizo

2. The Hawds - See What You Started - The Hawds Greatest Flops Volume 1

3. Oscar Jerome - Do You Really - Do You Really - Single

4. Mo' Horizons - I Can't Sleep (feat. Noam Bar Azulay) - Mango

5. Bala Desejo, Dora Morelenbaum, Julia Mestre & Lucas Nunes - Dourado Dourado - SIM SIM SIM

6. Sessa - Canção da Cura - Estrela Acesa

7. Omar Sosa & Seckou Keita - Voices on the Sea - Suba

8. Jasdeep Singh Degun - Lament

9. Cerys Hafana - The Wife of Usher's Well - The Bitter - EP

10. Laura Misch - Widening Circles - Sample the Sky

11. Blaudzun - Talk (Sonate) - Musik ungeklärter Herkunft (Original Soundtrack)

12. The Great Malarkey – Shame - Doghouse

Episoden

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun