Incipit
Hänsel a Gretel
12 min
Märercher gehéieren och zur Literatur, an dofir geheit haut de Jean Portante e Bléck op ee vun de bekanntsten, nämlech “Hänsel a Gretel”, vun de Gebridder Grimm. Jiddweree kennt d’Geschicht vun dësen zwee Kanner, mee wat ee manner weess, ass, datt tëschent der éischter Versioun vun 1812 an der leschter Fassung, déi vun 1840, de Jacob an de Wilhelm Grimm hirem Märchen eng nei Bedeitung ginn hunn, doduerch datt si de Statut vun engem Personnage, dee vum "Holzhacker" senger Fra, geännert hunn.