Festival zu Diddeleng mat 100 % Uergel
Bis den 11. November 2025 ass de Festival International d’Orgue de Dudelange (FIMOD). Zanter 2002 fënnt dee Festival all Joer statt. Dëst Joer kann een do nieft dem Diddelenger Titularorganist Alessandro Urbano och grouss International Stare wéi de Wayne Marshall, de Baptiste-Florian Marle-Ouvrard oder de Jean-Baptiste Robin lauschtere goen.
Gläichzäiteg kann een do am Moment och déi zéngt Editioun vum Internationalen Uergel Concours materliewen. D'Finall dovunner ass owes de Freiden 12. September. Am Jury stellt sech do och zesummen aus nationalen an international ganz bekannten Nimm.
De President vum Festival, Jean Eloi Olinger, huet am Gespréich mam Carole Mallinger-Leyers méi iwwert de Programm vum Festival a vum Concours verroden.
"Silent Musicians" an der Philharmonie
Beim Wuert Bibliothecaire denkt een normalerweis u Bicher a Bibliothéiken - mee et ginn awer och Orchester-Bibliothecairen - an dat och an der Philharmonie um Kierchbierg. Dat sinn d’Pauline Marmaï an d’Kalvine Antoine.
Ee Groussdeel vun hirer Zäit verbrénge si an den Archiven mat alle Nouteblieder an der Philharmonie, mee si sinn och wärend de Concertsprouwen an deels wärend de Concerten dobäi.
Firwat dat esou ass, ënnert anerem dat verroden déi zwou Bibliothecairinnen am Reportage vum Marie Schockmel.
Éischten Album vum Arthur Stockel
De jonke Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen Album eraus. Zwee bis dräi Joer huet d'Plangen, d'Ophuelen an d'Finalisatioun vun Arthur Stockel sengem éischten Album gedauert. D'Wierker vum Carl Maria von Weber begleeden de jonke Museker awer schonn zanter sengem 13. Liewensjoer.
Ugefaangen huet et als Repertoire fir ee Concours, bäi deem den Arthur Stockel gewanne konnt. Ma elo huet dës Musek et op säin éischten Album gepackt, deen zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, dem Quatuor Hanson an dem Dirigent Leo McFall entstanen ass.
Iwwert dës Produktioun ënnerhält sech de Christophe Mirkes mam Lex Kauffmann.