1) Musek fir den Trounwiessel gesicht
Am Hibléck op den Trounwiessel am Oktober 2025 sicht d'Maîtrise mat engem Concours eng Motett zu "Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum". De Concours gouf zesumme mam Kulturministère initiéiert. De Marc Dostert, Dirigent vun der Maîtrise, huet eis am Interview méi iwwer dës Ausschreiwung verzielt.
2) Nei Zuele vun Abandonen a Musekschoulen zu Lëtzebuerg
5 Prozent Abandone géingen de Conservatoire du Nord ronn eng hallef Millioun Euro kaschten. D’Gesetz vun 2022 huet d’Gratuitéit vu ville Musekscourse fir Schüler:innen ënner 18 Joer erméiglecht. Wéi et am Communiqué vun der Chamberkommissioun fir Educatioun heescht, briechen zanterhier “tëschent 2,5 an 10 % vun de Schüler, jee no Schoul oder Conservatoire, de Cours am lafende Schouljoer of”.
Den opus 100,7 hat doropshi bei den zwee anere Conservatoiren a bei der UGDA-Museksschoul, där gréisster Museksschoul am Land, nogefrot, wéi d'Situatioun bei hinnen ass. Dës Woch krute mir och d’Méiglechkeet mam Direkter vum Stater Conservatoire, dem Marc Meyers, iwwer d’Evaluatioun vum Gesetz ze schwätzen.
3) Instrumenter aus Recup'
Am Kader vun der LUGA konnt een déi ganz Woch bei engem Instrumentebauatelier matmaachen. An zwar mat diversen Objeten, déi aus de Poubellë kommen. D'Marie Trussart huet de sougenannte Luthier sauvage Benoit Poulain, esou wéi de Kënschter Jorge De Moura vum Collectif du grain à moudre am Stater Park besicht an ënner anerem erausfonnt, wéi een aus engem PVC-Rouer eng Flütt baut a wat eigentlech eng Waasserflütt ass.