Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan Tournée
Viru genee 20 Joer waren d’Pueri Cantores fir d’éischte Kéier op Tournée a Japan an elo geet et nach eemol dohin. Um Programm sti véier Statiounen: Hiroshima fir den 80. Gedenkdag un d’Atomkatastroph, Osaka op de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung an da geet et nach op Kyoto an Tokio. An der Haaptstad sange si souguer fënnef Concerten op engem eenzegen Dag. D’Jonge vum Lëtzebuerger Bouwechouer aus dem Stater Conservatoire wäerten deelweis an Hotellen an deelweis bei Gaaschtfamille bleiwen, sou datt et eng richteg Entdeckungsrees gëtt fir déi tëscht 6 an 22 Joer al Jongen.
Ee vun den Highlighte vun der Tournée ass, datt si ganz dacks de Bullet Train Shinkansen huelen. Dee fiert am 6-Minutten-Takt vun Hiroshima op Tokio, an do si schonn zwee Waggone fir si reservéiert. Op hire Concerte sange si net nëmmen traditionell Lëtzebuerger Lidder wéi d’”Fräschelidd” oder “Wéi meng Mamm nach huet gesponnen”, mee een Drëttel vum Programm ass op Japanesch.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit den Dirigent Pit Nimax ënner anerem, wéi d’Jongen déi japanesch Lidder geléiert hunn.
Grouss russesch Sinfonik am neie Klassik Album vun der Woch
D’NDR Radiophilharmonie ass en Orchester mat grousser klanglecher Stralkraaft. Virun allem ass de Klang immens lieweg. Beim Lauschtere vergësst een, datt een net op engem Live-Concert ass.
Den Orchester bitt en eenheetleche Klang an den déck besate Passagen, mee bréngt et awer fäerdeg fir an entscheedende Momenter all Sektioun mat senger Klangfaarf erauskommen ze loossen.
D'Finall vum Internationale Klarinette Concours
Zesumme mam Klenge Maarnecher Festival huet Lëtzebuerg dëst Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett gesicht.
Mam Internationale Klarinette Concours 2025 huet den artisteschen Direkter Max Mausen ee Concours presentéiert, bei deem dann och ee souwuel national wéi och international unerkannte Jury säi Choix gemaach huet.
Matmaache konnt jiddwer Klarinettist:in, deen/déi no 1990 gebuer ass. Ugemellt hu sech 80 Museker:innen aus der ganzer Welt tëschent Ufank Oktober a Mëtt November 2024 per Video. 37 vun hinne goufen da fir een éischten Tour ausgewielt.
Aus deene 37 Persoune goufen en Dënschdeg a Mëttwoch (08. & 09. Abrëll) 12 Halleffinalisten a -finalistinnen erausgesicht, déi sech den Donneschdeg fir d'Finall qualifizéiert hunn. An der Finall stoungen de Freideg da just nach 3 Talenter op der Bün.