Piano
De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller ass ee bekannt Gesiicht an der nationaler, mee och internationaler Klassikzeen.
Och an der neier Saison sinn nees eng Rei Concerte programméiert, déi mat grousser Suergfalt vum Programm hier erausgesicht ginn. Säi kënschtleresche Credo ass et, esou de Museker, sech an de jeeweilege Komponist oder Komponistin eranzeversetzen.
Wéi dat an der Praxis genee ausgesäit a wéi eng Concerte positiv mee och negativ aus de leschte Joren an Erënnerung bleiwen, huet de Museker am Gespréich verzielt.
Chouer
All Donneschdeg um 19 Auer gëtt et am Rainbow Center an der Stad eng Chouerprouf: De Queer Choir Luxembourg ass en inklusive Chouer, dee vu Rosa Lëtzebuerg ënnerstëtzt gëtt. Dëse ganzen August gëtt de Fokus op déi spirituell Musek gesat. De Chouer séngt nämlech all Joer am Kader vun der interreliéiser Zeremonie vu Rosa Lëtzebuerg, esou wéi wärend der Chrëschtzäit.
Am Gespréich mam Marie Trussart hunn déi zwee Dirigenten, de Gil Silva an de Paul Feitler erkläert, firwat esou e Projet immens wichteg fir hir Communautéit ass an och wou ee si fir d’nächst ka lauschtere goen. Mee fir d'éischt kläre mir d'Basics: firwat steet de Rainbow Center a wat ass eigentlech e Queer Choir?
Klacken
Et si vill flott Momenter, op déi de Carillonneur Fabrice Renard mat Stolz an Dankbarkeet zeréckkuckt. 26 Joer laang war hie Carillonneur an domat mat verantwortlech fir d'Klackespill an der Basilika vun Iechternach.
An der Summerpaus organiséiert hien och 2025 nees "Les Ballades du Carillon", wou d'Visiteuren ee Bléck hanner d'Kulisse vun dësem historeschen Instrument kréien. D'Iechternacher Klackespill zielt nämlech zum eenzege mechanesche Klackespill zu Lëtzebuerg, wat manuell gespillt ka ginn.
Bei senger allerleschter "Ballade" hu mir de Museker begleet an iwwer déi flottste Momenter, mee och de Carillon a säi Fonctionnement geschwat. An zum Schluss huet de Museker eis souguer eng Iwwerraschung virgespillt ...