100 Joer Mikis Theodorakis
Den 29. Juli wier de Mikis Theodorakis 100 Joer al ginn. De weltberüümte griichesche Komponist ass awer 2021 zu Athen verstuerwen. Hien huet déi griichesch Musekszeen am 20. Joerhonnert immens gepräägt. Ronn Dausend Kompositiounen droen säin Numm: Sinfonien, Balleten, Operen an och vill Filmmusek. Mat senge Melodië fir déi grouss Leinwand gouf hien och international bekannt a krut Grammy-Nominatiounen.
De Mikis Theodorakis war awer net nëmme Komponist, mee och nach Schrëftsteller a Politiker. Hien huet sech fir d'Fräiheet an d'Mënscherechter agesat a war och souguer am Prisong. Selwer sot hien, hien hätt ëmmer mat zwee Kläng gelieft - engem politeschen an engem musikaleschen. D'Konscht war fir hien och dat eenzegt Mëttel, wouduerch de Mënsch Mënsch gëtt.
Panflütt an impressionistesch Téin
"Rita Strohl" ass den Titel vun engem Album, deen den Orchestre national d'Île-de-France als Hommage un déi franséisch Komponistin opgeholl huet. Dorop ze entdecken ass franséisch impressionistesch Musek. Et ass eng Zort Erweiderung zum franséische Repertoire, dee vum Saint-Saëns, Ravel an Debussy dominéiert gëtt. Wäermt bestëmmt de Klang op dëser Produktioun. Dat gëllt fir den Orchestre national d'Île-de-France, fir d'Soli innerhalb vum Orchester a fir d'Sängerinne Marie Perbost a Lucile Richardot. Eng Komponistin déi laang Zäit vergiess gouf, an ënner anerem dank dësem Orchester erëm nei entdeckt ginn ass. De Christophe Mirkes verréit méi.
Bis zu 10 Prozent Taux d'abandon
Zanter der Rentrée 2022-23 sinn d’Musekscoursen a Conservatoiren a Musekschoulen hei am Land bis zu engem bestëmmten Niveau gratis. Zanterhier briechen tëschent 2,5 an 10 Prozent vun de Schüler:innen de Cours am lafende Schouljoer of. Vun all de Coursen, déi een huele kann, sinn et d’Gruppecoursen, virun allem de Solfège, bei deenen den Taux d'abandon héich ass. Op der Säit vum Finanzement gëtt et och en Ënnerscheed, ob e Schüler aus engem Gruppecours oder an engem individuelle Cours am Instrument matten am Joer ophält. Iwwerraschenderweis ginn d'Coursen, déi kaschten am meeschte matten am Joer ofgebrach. Op den éischten Abléck klengt dat net ganz logesch, mee et gëtt awer plausibel Erklärungen dofir. Et si nämlech zemools déi Schüler:innen, déi verschidde Course gläichzäiteg maachen, déi wärend dem Schouljoer eppes ofbriechen.