An Eastern Trip
"An Eastern Trip" heescht deen neisten Album vun der Pianistin Sabine Weyer an dem Cellist Dimitri Maslennikov. Do huelen déi zwee hir Nolauschterer an Nolauschterinne mat op eng Rees an ëstlech Länner. Ze héiere sinn net nëmme Wierker vu berüümte Komponiste wéi dem Prokofieff, mee och vu manner bekannte wéi dem Miklós Rózsa. Nieft de musikaleschen Entdeckungen, déi een hei maache kann, kann een dann och de Cover vum Album bewonneren. Et ass en definitiv méi aussergewéinleche Cover, deen den Duo op engem Motorrad weist. Dat soll hir Rees op dësem Album symboliséieren. Déi zwee verrode méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
Festival Alter Musik
Vum 28. Juni bis de 6. Juli ass zu Veianen déi 7. Editioun vum Festival Alter Musik. D’Veianer Buerg gëtt fir eng Woch an eng Bün fir al Musek ëmgewandelt. D’Marie Trussart huet mam Cembalist a Organisator Rosch Mirkes iwwer de Programm geschwat an hien huet ënner anerem verroden, firwat de Festival mëttlerweil keng Erausfuerderung méi representéiert.