Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tennis - Weight Of Desire

play_arrow Live
arrow_back_ios

Resonanzen

100komma7.lu / Resonanzen

/ E Festival ronderëm déi Al Musek an eng Masterclass

E Festival ronderëm déi Al Musek an eng Masterclass

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1. Festival fir Al Musek

"De Bach a Purcell si ganz al Kolleegen" - Dat seet d'Sopranistin Véronique Nosbaum.

D'Musekerin ass professionell Operesängerin a begeeschtert sech zanter Klengem u fir déi barock Musek. 2010 huet si an deem Kader och de Vokalensemble CantoLX gegrënnt.

Grad esou laang wéi et CantoLX da gëtt, organiséiert si och dëst Joer nees de Festival "Passion" am Neimënster, bei deem am Abrëll zwee Concerten op d'Visiteure waarden. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt d'Sopranistin, déi och nach Gesangscoursen am Stater Conservatoire gëtt, wéini hir Léift zu de barocke Kläng ugefaangen huet a wéi d'Lëtzebuerger Kulturzeen sech an de leschte 15 Joer entwéckelt huet.


2. Masterclass mam OCL

Zanter 50 Joer besteet den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL. Bis haut huet den Orchester keng eege Raimlechkeete fir ze prouwen. Wat déi eng vläicht als Hindernis gesinn, gesäit den OCL als Challenge. An als Chance, aussergewéinlech Kollaboratiounen entstoen ze loossen. Aktuell befënnt sech den Orchester a Residenz an der International School of Luxembourg, kuerz ISL. D'Marie Trussart ass an den ISL gaangen an huet probéiert erauszefannen, wat et bedeit, wann en Orchester an enger Schoul doheem ass.


3. Klassik Album vun der Woch

De franséische Pianist Alain Planès huet en neien Album opgeholl, deen de villfältege Stil an den Humor vum franséische Komponist Erik Satie perfekt eriwwerbréngt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

E Festival ronderëm déi Al Musek an eng Masterclass

E Festival ronderëm déi Al Musek an eng Masterclass

D'Marie Trussart begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalescher Amenter.
headphones

60 min

play_arrow
Eng Emissioun ganz ronderëm den Danz

Eng Emissioun ganz ronderëm den Danz

D'Marie Schockmel begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a kuckt mat Iech op déi aktuell Highlighten aus der Welt vun der klassescher Musek.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt zréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Improvisatioun, verstoppten Identitéit an eise Coup de coeur

Improvisatioun, verstoppten Identitéit an eise Coup de coeur

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

D'Marie Schockmel begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

2 Lëtzebuerger Concerten an de Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Marie Trussart.
headphones

60 min

play_arrow
Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat Musek an News aus der Klassik duerch de Sonndeg-Nomëtteg.
headphones

60 min

play_arrow
E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.
headphones

60 min

play_arrow
Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.
headphones

60 min

play_arrow
Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Resonanzen mam Lex Kauffmann
headphones

60 min

play_arrow
Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!
headphones

60 min

play_arrow
rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.
headphones

60 min

play_arrow
Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow