"The Last Dance" - lescht Editioun vum Festival Musek am Syrdall
“Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwer all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e Lieu de rencontre si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen.
Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.
- Dänz aus Brasilien op eisem Klassik Album vun der Woch
Eise Klassik Album vun der Woch daucht an an d'Kläng aus Latäinamerika. Zwee brasilianesch Komponiste stinn um Programm: de Sergio Assad an den Heitor Villa-Lobos. Den Album kennt vum spuenesche Gittarist Ricardo Gallén. Hien huet scho mat 5 Joer seng éischt Concerte ginn an zanterhier och scho vill Musekspräisser gewonnen. Mat sengem neiste Release weist de Museker Gespier an Interessi fir déi latäinamerikanesch Musekskultur.
D'Wierker vum Sergio Assad goufen extra fir dësen Album geschriwwen. Hien hëlt mat senger Musek grousse Bezuch op d'Popmusek an et spigelt dat liewegt Musek-kulturellt Bild vu Brasilien erëm. Ze héieren ass dat ganz gutt un Aflëss aus diversen Traditiounen. Dem Heitor Villa-Lobos seng Musek geet éischter an d'Richtung Folklor. D'Titele sinn dann och eng Grëtz méi dänzeresch gehalen an et fënnt ee Walzer oder Mazurken, also europäesch Danzformen erëm.
De Lex Kauffmann huet de ganzen Album gelauschtert a schwätzt mam Marie Schockmel doriwwer.