Radioen

On air

One World  |  Do Angels Need Haircuts?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Resonanzen

100komma7.lu / Resonanzen

/ D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1) Benjamin Schäfer an den Orchestre Place de l'Europe

De Museker an Dirigent Benjamin Schäfer leet mat Begeeschterung den Orchestre Place de l'Europe. Eng Formatioun aus 110 Amateurmusiker:innen. Et ass eng Tâche, déi dem Profimuseker aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker vill Freed mécht. Bei där hie vun de Museker:innen awer och d'selwecht vill verlaangt wéi am Profiorchester. Elo steet dann e weidere Concert um Programm, bei deem den Orchester vum Klarinettist Arthur Stockel, och Member bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, solistesch begleet gëtt. Am Gespréich mam Marie Trussart hëlt de Benjamin Schäfer eis mat a seng Iwwerleeungen, wéi eng Faktoren ee gudde Concert ausmaachen. Hei verréit de Museker och, wéi hie selwer mat Nervositéit ëmgeet.


2) Midwinter Melodies mam Chouer vun der Uni.lu

De Chouer vun der Uni.lu trëtt haut (8.12.) um 5 nach eng leschte Kéier zu Bartreng an der Kierch Saints Pierre et Paul op. Gesonge gëtt en internationale Programm an de meescht geschwate Sproochen hei am Land. De Motto vun de Concerten ass Midwinter Melodies. De Christophe Mirkes huet sech mam Dirigent Thomas Gareau, deen de Chouer zanter 2021 leet, ënnerhalen a gefrot, firwat den Titel Wantermelodien ass an net Chrëschtmelodien.


3) Christmas Carols mat den Amis du Chant Luxembourg

Christmas Carols ass e Concert deen d’Amis du Chant Luxembourg schonn zanter 1992 organiséieren. Um Programm steet englesch Chrëschtmusek an englescher Sprooch. Dëst Joer séngt de Chouer dee Concert direkt zweemol - eemol wéi gewinnt am Stater Conservatoire an eemol an der Porkierch zu Mäerzeg. Op der Affiche steet dëst Joer awer och e weidere Chrëschtconcert um Belval am Kader vum Evenement Blast into Christmas, mat feierleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Den Dirigent Fränz Theis huet dem Marie Schockmel méi verroden.


4) Klassik-Album vun der Woch: Polnesch Romantik mam Meccore String Quartet

De Meccore String Quartet, deen 2007 vun deemolege Studente gegrënnt gouf, huet en neien Disk erausbruecht. Drop ze héieren ass polnesch Romantik vu Wieniawski a Paderewski. Zwee Komponisten, déi an den haitege Kammermuseksprogrammer net verwuerzelt sinn, awer zu onrecht negligéiert goufen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Eng Emissioun ganz ronderëm den Danz

Eng Emissioun ganz ronderëm den Danz

D'Marie Schockmel begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a kuckt mat Iech op déi aktuell Highlighten aus der Welt vun der klassescher Musek.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt zréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Improvisatioun, verstoppten Identitéit an eise Coup de coeur

Improvisatioun, verstoppten Identitéit an eise Coup de coeur

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

D'Marie Schockmel begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

2 Lëtzebuerger Concerten an de Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Marie Trussart.
headphones

60 min

play_arrow
Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat Musek an News aus der Klassik duerch de Sonndeg-Nomëtteg.
headphones

60 min

play_arrow
E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.
headphones

60 min

play_arrow
Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.
headphones

60 min

play_arrow
Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Resonanzen mam Lex Kauffmann
headphones

60 min

play_arrow
Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!
headphones

60 min

play_arrow
rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.
headphones

60 min

play_arrow
Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow