Resonanzen
/ rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent
rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent
60 min
"Extremes" - dat ass de Motto vum rainy days Festival dëst Joer an der Philharmonie. Dee geet vum 20. bis de 24. November. D'Directrice artistique Catherine Kontz huet méi verroden.
De 24. a 27. November sinn déi nächst Concerte vum “Salon de Helen Buchholtz” am Bridderhaus zu Esch, an den 1. Dezember steet eng Table ronde a Kollaboratioun vum opus 100,7 um Programm. Den Directeur artistique Claude Weber seet, datt een elo an der Hallschent vum Salon schonn erëm vun engem Succès schwätze kann.
D'Maîtrise séngt um éischten Advent hiren traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" mat engem Programm, deen zu 100 Prozent aus Bruckner besteet. Dëst Joer awer net wéi gewinnt mam OCL, mee mam Estro Armonico. Den Dirigent Marc Dostert verréit méi.
"The Dora Journey" - dat ass e Podcast vum opus 100,7. Den Trio Dora, deen am Mëttelpunkt vum Podcast steet, huet den 23. November e Concert gespillt am Mierscher Theater, an och bei deem stoung d'Komponistin Dora Pejačević am Vierdergrond.
Mir haten d'Musekerinnen Annalena Castagna a Carole Mallinger-Leyers am Interview.
Da stelle mir och nach eisen neie Klassik-Album vun der Woch vir: "Notturno”, deen neien Album vun der Geiistin Eva Zavaro an dem Pianist Clément Lefebvre mat Musek vu Gabriel Fauré a Karol Szymanowski.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann