Summerzäit ass Grillzäit a jiddwereen huet seng Technik a seng Rezepter, déi eng schwieren op Kuelegrill, déi aner op de Gas. Opgeluecht ginn dann och mol Aluminiumspapillotten oder Teflongrillpane kommen an den Asaz. Wann och net um Grill mee als Grillpan op der Kachmaschinn.
Wat kënne Problemer si bei dëse Materialien? Op wat soll een oppassen? Ginn et Alternativen? Äntwerten huet d’Physikerin Carol Eicher.