Nuechte mat ville Stäreschnäize gëtt et all Joer, grouss partiell Sonnendäischterte bei eis wéi dëst Joer gëtt et an deenen nächsten zeg Joren net méi. Datt déi zwee astronomesch Eventer zesumme falen, ass äusserst seelen.
All Joer, Mëtt August, flitt eis Äerd duerch de Stëbs vum Koméit P109/Swift-Tuttle, esou wéi en Auto mat der viischter Fënster duerch e Schwaarm Mécke fiert. Kommen d’Stëbskären an d’Atmosphär, da liichten se e puer Sekonnen intensiv. Et sinn d’Perseiden, op däitsch och nach “Laurentiustränen” genannt. Mir ënnerhalen eis mam Physiker André Mousset iwwer Koméiten, hir Beweegung op enger elliptescher Bunn, iwwer hire Schwanz mat deem se gewéinlech gemoolt ginn an iwwer Koméite-Stëbs.