Astronauten, déi u Weltraumexpeditiounen deelhuelen, ob a Raumstatiounen oder um Wee zum Mound si gesond, fit an hunn en Alter bis zu 60 Joer. Am Weltraum erlieft hire Kierper e séieren Alterungsprozess, wéi e fir Leit iwwer Joren op der Äerd stattfënnt an deemno interessant Hiwäiser gëtt.
Astronaute musse während hirer Missioun dofir trainéiere fir deem Prozess entgéintzewierken.
Firwat déi nämmlecht Problemer an esou verschiddene Bedéngungen enstinn a wat een dorauser léiere kann, fuerschen Wëssenschaftler z.B. bei der DLR der Deutschen Luft- und Raumfahrt, wou am Laboratoire Auswierkunge vu Muskelverloscht a Muskelatrophie simuléiert ginn. Explikatioune mat der Physikerin Carol Eicher.