Ee Concert am 360 Grad Stil, wou d’Musekerinnen an d’Museker sech an der Mëtt op der Bün beweegen an de Publik ronderëm sëtzt. Wat kléngt wéi d’Feierlechkeeten um Glacis ronderëm den Trounwiessel lescht Joer am Oktober, ass zënter 2024 ee Format vum Orchestre de Chambre du Luxembourg.
Och 2026 ginn insgesamt 8 Concerten ugebuede fir Jonker am Enseignement, ma och dräi fir de Grand Public haut den Owend am Stater Schluechthaus an och muer den Owend zu Lasauvage an der Sainte-Barbe Kierch.